No enger kuerzer Paus sinn d'Spidolsclowne vun der Associatioun Île aux Clowns vun elo un nees mat hirem Musekspektakel an de Gäert vun den Alters- a Fleegeheemer am ganze Land ënnerwee.
Den Optakt de 7.September war am Servior zu Rëmeleng. Bei beschtem Wieder hunn d'Spidolsclownen d'Bewunnerinnen an d'Bewunner, sou wéi och d'Personal, mat lëtzebuergeschen a franséische Klassiker begeeschtert a fir eng flott Stëmmung gesuergt.