Change Edition

Italienisch Lidder an e Spendenmarathon.

Iwer 2 Joer no den schlemmen Erdbeben an Italien liewen nach vill Leit an der Provenz Perugia, der Regioun Umbrien am Allgemengen an zu Castiglione Del Lago am speziellen an nët restauréierten Heiser oder an Zelter. Et feelt un all Ecken an Enn, u Geld an Ennerstëtzung. Et war fir d' "Chorale Municipale" Sängerbond Museldall Waasserbëlleg mat hierem Pianist Daniel Lang an hierer Dirigentin Viviane Kohn-Hames en Selbstverständlechkeet beim Spendenmarathon an der Taverne beim Baron zu Uesweller derbäi ze sin. D'Sänger hun nët nëmmen den opmierksamen an spendabelen Publikum mat bekannten italienischen Lidder duerch den Owend begleet, Neen, sie hatten och e Scheck vun 500€ matbruecht an konnten esou, zesummen mat denen 8000€ déi den Ernesto a seng Gäscht gespend haten, de gudden Zweck ënnerstetzen.