Change Edition

Pappendag bei de "WiddeBierger 50+" aus der Gemeng Betzder.

Wéi all Joer hunn sech d´Pappe gutt feiere gelooss. D´Stëmmung war gutt an och Mëttegiessen huet geschmaacht. Madamm Maria Greis war frou datt esouvill Pappen a Membere vum Veräin sech afonnt haten. Och de komplette Schäfferot huet matgefeiert. Am Wëssen, datt all ons Männer fein a brav sinn huet de Comité sech getraut, jiddwerengem e gutt, schaarft Täschemesser als Kaddo ze iwwerreechen. Tombola hat och vill Erfolleg.Am Krees vun deenen "eiwege Leschten", hu mir nach schéi Stonne verbruecht.