Change Edition

Tarcisiusfeier fir Massendénger zu Rodange

D'Equipe Lëtzebuerger Massendénger huet an Zesummenaarbecht mat Massendéngerverantwortlech aus dem Parverband Péiteng gouf den Hellegen Tarcisius zu Rodange gefeiert.
53 Massendénger aus de Paren/Parverbänn Bartréng, Déifferdéng, Elleng, Péiteng, Réimech-Duelen, Remmléng, Sandweiler a Stroossen haten de Wee bis op Rodange fonnt.

Ugefaangen huet dee flotten Nomëtteg mat engem Wuertgottesdéngscht zu Éiere vum hellegen Tarcisius.
Duerno goung et lass fir op de Rallye - Spiller a Quiz stoungen um Programm: ee Geschécklechkeetsspill fir Massendénger, Beruffer erroden, ee Barbara-Tuerm bauen, Käerzen mat enger Waasserpistoul ausschéissen a mat engem Basketsball Puzzlestécker fir de Barbaraspuzzle erspillen.
Ee bësse Wëssen iwwer Rodange, den Hellegen Tarcisius an de Massendéngerdéngscht gouf och getest an all Grupp huet och nach ee klengt Gedicht iwwer Massendénger verfaasst.
Währenddeem hunn déi Rodanger Scoute Grillfeier virbereed.No deem flotte Rallyetour war jidderee gutt hongreg an duschtreg - jidderee konnt sech mat engem gudde Wupp a Gedrénks stäerken éier d'Präisverdeelung den Nomëtteg ofgeschloss huet.

Een décke Merci u jiddereen dee matgemaach huet - sierf dat als Massendénger oder hannert de Kulissen.



Gedichter iwwert d’Massendénger - Geschriwwe vu Massendénger (+Responsabel) um Tarcisiusfest vum 9.7.2015 zu Rodange:

1)
D’Massendénger dinge Massen.
Doranner si mir Assen.
Op Roum fueren si all 4 Joer,
Do hunn si da geschweesten Hoer.
Si wëssen alles iwwert d’Kierch,
Ginn op de Mafrema am Hierscht.
Am Rallye si mir di Bescht,
An all déi aner sinn déi Läscht.

2)
Massendénger sinn ëmmer do
fir si ass et keng Plo
moies fréi opzestoen
fir an d’Mass ze goen.
Ouni si ass d’Mass net schéin,
Well si treffen all Téin.
Mat hinnen ass d’Mass ganz flott :
Si stinn am Déngscht vu Gott.

3)
Als Patroun den hl. Tarcisius virun äis,
gi mir frou a motivéiert duerch d’Mass.
Wäin a Waasser brénge mir,
An och d’Rauchfaass schwenke mir.
Mir si kleng a grouss
A leeën d’Hänn net an de Schouss.
All Sonndeg si mir do,
Dat mécht frou.

4)
Wa mer zesummen an d’Kierch era ginn,
dann ass et schéin, Massendénger ze sinn.
Dem Paschtouer hëllefe mir,
An dingen de Leit als Virbiller.
Dobäi si mer dann no bei Gott,
Well eng Mass ouni äis ass net flott.
Wann d’Leit äis am Chouer dinge gesin,
Da mierken si gläich : Flott ass et, Chrëscht ze sinn.

5)
A lauden d’Klacken och ganz fréi
da gi mir ons vill Méi ;
mir sprangen an d’Gewand,
am Dingscht vun all Kierch a Land.
Um Altoer steet alles prett-
De Paschtouer ganz adrett.
Elo schloe mir nach de Gong
An de Chouer séngt säi Song.

6)
Sonntag Morgens kurz vor zehn,
Viele Menschen in die Messe gehn !
Die Messe kann auch gleich beginnen,
Die Minis sind schon lange drinnen.
Doch manch einer schläft noch
Da er zu spät ins Bett kroch.
Der Priester schon ungeduldig wartet
« Wann es dann bald startet ?! »