Change Edition

Vum Nummereschëld bis zur Umeldung bei "CT FOR YOU"


CT FOR YOU mat komplettem Service

Rammerich: Zënter ronn 1 Joer huet d’Joëlle an de Kay Weber an der Mëtt vun der Uertschaft Rammerich en neit Geschäft opgemeet, wou eng ganz grouss Auswiel vun Artikelen fir den Auto, Geschenkiddien oder praktisch Artikelen wéi Ueleg, Kaarten, Reklamschëlder, Autocollants, Gleeser, Kössen asw. héi ze fanne sin. Dank enger ganz moderner Laser- Maschin kann een ganz schnell an effikass Nummereschëlder vun de verschiedensten Typen, gemeet kréien. Niewt dem Geschäft, steet dem Client en praktischen Service zur Verfügung, wou dem Inhaber séi Gefier op Wonsch fir di jährlich Technisch Kontroll SNCA- SNCT mat der Ofhuelung bei der Wonschadress – Zoulossung vun neien- oder Gebrauchtween- Umeldungen an androen vu Verännerungen- Iwerféierung zur Wierkstaat oder fir eng Neiumeldung, ausgeféiert ka gin. D’Öffnungszeiten vum Geschäft, op der Nummer 26, rue principale, L- 8805 Rambrouch mat Parking direkt virun der Dier, sin vu Méindes bis Freides vun 9.00 bis 12.00 an vun 13.00 bis 18.00 Auer souwi Samsdes vun 9.00 bis 12.00 Auer. Telefon: 23 64 94 29 oder E- Mail: ctforyou@outlook.com . www.ctforyou.lu (CR) (Fotoen: Charles Reiser)