Change Edition

All drëtten Mëttwoch am Mount ass nees Rammericher Maart

All drëtten Mëttwoch am Mount ass nees Rammericher Maart

No dem groussen Erfolleg vun de läschte Joeren war et un der der Gemengeverwaltung Rammerich fir den Rammericher Maart ze organiséieren. Spontan haten sech iwert 20 Interessenten bereet erklärt, fir all drëtten Mëttwoch am Mount, an dat bis den20. November vun 9.00 bis 12.30 Auer op der Plaatz virum Kulturzenter zu Rammerich hir Wueren unzebidden. Eng grouss Auswiel vun Haushaltsartikel, Blummen, Fleesch- an Iesswueren, Gardenartikel, Planzen, Kleeder fir Grouss a Kleng bis hin zu villen Dekoratiounsartikel sin héi unzetrëffen. Fir dat leiblicht Wuel ass och ëmmer bëschtens gesuergt. Gläich bei der Ouverture vum éischte Maart vun desem Joer, e Mëttwoch den 20. Mäerz , war et um Buergermeschter Toni Rodesch mat senger Schëffin Myriam Binck fir den Responsabelen an Aussteller, Bonne Chance a vill Erfolleg iwert dat d’ganzt Joer ze wënschen. De Maartkalenner vum Rammericher Maart: 17. Abrël, 15. Mee, 19. Juni, 17. Juli, 21. August, 18. September, 16. Oktober an 20. November. (Text a Fotoen: Charel Reiser)