Change Edition

D'Kandidate vun der CSV presentéiere sech: Danièle Konter

Als nächst ass d'Danièle Konter drun, bekannte Maacher Sportlerin aus enger Politikerfamill:

Mäin Numm ass Danièle Konter, ech si bestuet an ech si vu Beruff Direktiounsassistentin am Bankesecteur. Ech hun 48 Joer an ech sinn e „Stoockmaacher” grad ewéi mein ganz Famill. Scho mei Papp a mei Grousspapp woaren an der nationaler a lokaler Politik engagéiert.

Wann ech elo an der Politik aktiv ginn, dann ass dat, well ech de Wonsch hunn, un der zukünfteger Gestaltung vun iser Distrikts- a Kantonalhaaptstad Maacher tatkräfteg mat ze hellefen.

Dorrech mein laangjäreg, erfollegräich Carrière an der Liichtathletik, weess ech, datt den Erfolleg net vum selwe kënnt, mä dorrech Ausdauer, Disziplin an Asaz.
Dofir läit mir de Sport ganz besonnesch um Häerz, well en een ganz wichteg Roll an der Erzéiung vun ise Kanner an ise Jugendlechen spillt an zur Gesondheet vu Jonk an Al beidréit.

Als weltoffenen Mënsch well ech mech awer och fir d’Awunner vun iser Gemeen bei wichtegen Themen ewéi Tourismus a Verkéierspolitik asetzen wann dir mir Är Vertrauen schenkt.