Change Edition

Waasserdréierlaf e Samschdeg am Dällchen

29
Jun
2019
29 Jun

Fir d'drëtte Kéier gëtt e Samschdeg um 14:30 Auer de Waasserdréierlaf am Pafendall ausgedroen. Dëst als Erënnerung un déi Zäite wou d'Waasser nach all Dag huet missen an d'Stad erop gedroe ginn. Fir 2 Su hunn d'Kanner deemools "d'Gold" aus de Virstied geschleeft a fir der Jugend ze weisen, datt d'Waasser net ëmmer aus dem Krunn koum, huet den Interesseveräin déi Zäit als Spill nees opliewe gelooss. D'Kanner scheffen d'Waasser aus dem neie Kneipp-Bad vis-à-vis vun der Kierch a bréngen et op d'Bréck, wou se dann mat Lanzen op Ziilscheiwen iwwert der Uelzecht sprëtze kënnen .