Change Edition

Scheckiwwerreechung u Bridderlech Deelen

Scheckiwwerreechung u Bridderlech Deelen
De 06.März 2016 war am Kader vun enger Mass zu Pärel eng Scheckiwwerreechung vum Parverband Rammerich un d‘ „Fondatioun Bridderlech Deelen“ fir ee Schoulprojet am Norden vum Kamerun. Insgesamt sinn duerch verschidden Aktiounen 4025€ fir d‘ Schoulen vun N’Dingtiré, Waté et Fignolé zesummekomm.
Als éischt huet d’Mme Thecla Kasel vum Parverband Rammerich an engem kuerze Réckbléck de Leit aus dem Parvberband merci fir all Ennerstëtzung gesot.
Uschléissend huet d’Mme Martine Regenwetter vun der „Fondatioun Bridderlech Deelen“ an enger Präsentatioun nach eemol zesummegefaasst, wat mat deene gesammelte Fongen realiséiert konnt ginn.
D’Edukatioun virun allem vun de Meedecher, ass ee wichtegen Aspekt an deem Projet, well si oft benodeelegt sinn. Am Norde vum Kamerun ass et nämlech d’Regel datt d’Meedercher sech scho mat 14 Joer musse bestueden an dann hu se kee Recht méi an d’Schoul ze goen.
Wat d’Leit méi edukéiert sin, wat et manner geféierlech ass, datt si sech islamisteschen Terrorgruppen wéi Boko Haram uschléissen, déi am Moment den Terror am Norde vum Kamerun séien an d’Populatioune verdreiwen an terroriséiren.
D’Edukatioun vun de Kanner ass déi eenzeg Méiglechkeet fir datt d’Régioun vu Garoua am Norde vum Kamerun sech gudd weider entwéckle kann.

.