Change Edition

Chrëschtconcert vun den Mutferter Musikanner

Flott an sprëtzeg, war den Chrëschtconcert vun den Mutferter Musikanner um 4. Advent zu Eiter an der Kierch. D'MM hunn dën Gäscht passend Melodien zu de Feierdeeg gespillt. International Chrëschtlidder waren um Programm, deen vum der Dirigentin Véronique Feilen geleet gin ass.
Et ass schonn bal eng Traditioun, sou huet och dëst Joer d'Harmonie Moutfort-Medingen no dësem Concert dën Glühwäin am Musekhaus offréiert.
Dat ganzt stoung natierlech ënner dem Thema "WE WISH YOU A MERRY CHRISTMAS" an domat seet déi lokal Musek zum Ofschloss vum Joer, all sengen treien Unhänger ë groussen MERCI.