Change Edition

Dem Paulette Bernard-De Groote hir 80 Fréijoer

Am Krees vun hirer Famill huet d’Paulette Bernard-De Groote e ronne Gebuertsdag gefeiert: hiren 80ten.

D’Liicht vun der Welt huet si den 25. Abrëll 1936 zu Le Pré-Saint-Gervais erbléckt.

Ganz jonk koum d’Paräiserin op Lëtzebuerg an de 14. Juli 1954 huet si zu Uewerkuer dem Josy Bernard d’Jo-Wuert ginn. Si goufen glécklech Elteren vun 2 Kanner: d’Malou an de Patrick.

Spuren vun 8 Joerzéngten sinn hir kaum unzegesinn, d’Jubilarin ass gudd drop, fillt sech ganz monter a, wéi gewosst, léist si seelen eng Geleeënheet aus fir d’Danzbeen ze schwéngen.

All Guddes, maacht esou weider, bleiwt wéi dir sidd a virun allem gesond.