Change Edition

Vide Greniers / Brocante / Vide Dressing

10
Feb
2019
10 Feb

Uewerkuer. Um Sonndeg den 10. Februar 2019 fänkt déi 21. Saison vun de Floumäert an der Gemeng Déifferdeng an der Uewerkuerer Sportshal un. Tëschent 8 Auer an 18 Auer wäerten nees eng Partie Raritéiten de Proprietär wiesselen. Net manner wéi 120 Aussteller hunn sech fir dës Editioun ugemellt a wäerten hier Wuer niewent der grousser Sportshal ubidden.
Bedéngt duerch technesch an organisatoresch Grënn sinn 2019 keng Stänn méi am sous-sol an de Säll 1 & 2.

No de Erfolleger an deenen 2 leschte Joerzéngt sief et mat den "Indoorveranstaltungen" am Uewerkuer Sportkomplex awer och mat deenen am Fräien am Déifferdenger Zentrum, hunn déi Verantwortlech weider folgend Datumer fir 2019 fixéiert . Niewent dem 10. Februar ass dann ebenfalls , Sonndes den 10. Mäerz, op Ouschterméindeg den 22.Abrëll an der Uewerkuerer Sportshal reservéiert. Den traditionelle Rendezvous op Stiefesdag wäert dann an der neier Kulturhal zu Uewerkuer stattfannen. 

Am Zentrum geet et da Mëttwochs den 1.Mee 2019 lass . Weider Datumer am Zentrum si Sonndeg den 09.Juni , Sonndes de 14.Juli , Sonndes den 11. August, Sonndes den 8.September an als leschte Rendezvous fir 2019 am Fräie gouf de Sonndeg 13.Oktober festgehalen .

Weider Informatiounen ginn et ënnert  folgender Nummer +352 661 963 417 oder Mailadress hobbydiff@handballredboys.lu. 

Wéi schonns an de vergaangene 20 Joer organiséiert och dëst Joer nees Hobbydiff94 de Supporterclub vum HB Red Boys Déifferdeng all des Mäert ..