Change Edition

Léiffrawëschdag zu Nacher

De Léiffrawëschdag gehéiert zu enger aaler Traditioun, déi all Joer um 15. August op Mariä-Himmelfart zu Nacher gefeiert gëtt. Fir dësen Gebrauch ginn vun de Veräiner, Gaart an Heem zesummen mam dem Jugendveräin aus Nacher an Dol, Blummen, Naturkreider wéi och d'Friichten vum Feld an aus dem Gaart gesammelt, verbozt, an dobäi zu engem Bouquet zesumme gebonne. Esou een herrlech parfüméierte Bouquet symboliséiert d'Heefegkeet vun der Natur, den dëst ëm d'Joreszäit ausdréckt. All Kreiderwëscher ginn um Feierdag mat an d'Kierch geholl, an ginn iwwerdeems an der Mass vum Paschtouer Marco Wehles geseent. Der Tradition no hung den geseente Kreiderwëschbouquet um iewechte Späicher un engem Ballek vum Haus, an sollt d'Haus viru Blëtz an och viru Krankheeten schützen. Wann d'Véih am Stall krank war, gouf een Deel vun dem geseente Kreider mat ënnert d'Fudder gemëscht. Och een Deel vum geseente Wësch gouf mat op d'Feld geholl, sou dass d'Recolte och am nexte Joer erfollegräisch sollt ausfaalen. Virun nët allzulanger Zäit war dëse Gebrauch scho baal ausgestuerwen, awer zu Nacher gët ëmmer vum Verkaaf vun Kreiderwëscher den Erléis fir den gudden Zweck gesammelt, den dëst Joer un d'Vereenigung "Wäertvollt Liewen asbl" gespend gëtt.