Change Edition

7. Konscht- an Hobbymaart zu Nidderpallen

Bei gudden Wieder war den 1. Mee 2019 de 7. Konscht- an Hobbymaart zu Nidderpallen.

Vill Leit ware komm fir denen 63 Aussteller hir Kreatiounen ze bewonneren an ze kafen. Den Nidderpallener Gesank huet fir Iessen an Drénken gesuergt. Vun 13 Auer un huet den Duo Wa-Ta-Touille mat Live Musek gutt Stëmmung gemaach.

Rdv fir di 8. Editioun vum Konscht-an Hobbymaart zu Nidderpallen den 1.5.2020.