Den HB Käerjeng invitéiert ob säin Sport an Handball Camp 2013 vum 3. bis 5. Abrëll an der Sportshal Käerjenger Dribbel fir all sportbegeeschtert Meedercher a Jongen am Alter vun 12 bis 17 Joer inkl. aus Lëtzebuerg. De Camp leeft iwwert 3 Deeg vun moies 9h30 bis nomëttes 17h00 (ouni Iwwernuechtung), mat 2 Trainingsénheeten pro Dag plus gemeinsam Mëttegiessen an Relaxatioun-Pausen derteschent. Fir Waasser, Uebst an Snack ass gesuergt. D’Schwéierpunkten vum Camp leien ob Technik, Taktik, Koordinatioun, Kräftigung, Stabilisatioun, Mobilisatioun, Teamgeescht und Spaass. Den Camp gëtt geleet vum Peter Brixner a sengem engagéiertem Trainerteam. Um Enn vum Camp waard eng flott Iwwerraschung fir d’Kanner. De Präis vum Camp ass 30€ pro Kand. Umeldungen sinn ze maachen bis de 15. Mäerz per E-Mail un jugend@hbcb.lu. Weider Informatiounen fannt dir ob www.hbcb.lu.
