Change Edition

Ofschlossfeier vun de Vakanzaktivitéiten fir d’Kanner aus der Gemeng Käerjeng

E Freideg, den 28. Juli sinn an der Hal 75 zu Nidderkäerjeng déi dësjähreg Vakanzaktivitéiten vun der Gemeng Käerjeng op en Enn gaangen.


Zwou Wochen, vum 17. bis 28. Juli hu sech ronn 300 Kanner beschäftegt mat enger Hellewull un Aktivitéiten ronderëm Danz, Bastelen, Kachen a Gesank. Nieft engem dynamesche Capoeira-Atelier an engem Fotoshooting mat professionellem Fotograf goufen och dëst Joer 2 Dagesausflich ugebueden: eemol an de Walibi op Wavre (B) an eemol an de Phantasialand op Brühl (DE).


Betreit goufe Grouss a Kleng (Cycle 1 bis 4) vu qualifizéiertem Personal aus der Maison Relais, vun de Schwammmeeschteren souwéi Studenten aus der Gemeng.


No der Begréissung vun der Schäffin Josée-Anne Siebenaler-Thill sinn Danz Optrëtter vun de Schüler virgefouert ginn an hunn dës oofwiesslungsräich a flott Aktivitéitswochen ofgeschloss.