Change Edition

Äddi Hal 75: 2 Mol huet et zu Nidderkäerjeng gerockt

E Freideg an e Samschdeg den Owend huet et an der Hal 75 zu Nidderkäerjeng eng leschte Kéier ferm gerockt!

Bal-Spirit pur e Freideg mat Murphy's Law & Best of...: THE CHALLENGERS, FASCINATION, RYTHM BAND,

LIVESTYLE.

E Samschdeg hat d 'Hal 75 d'Éier déi weltbekannt Band "Manfred Mann's Earth Band" op Besuch ze hunn.

2 Stonne lang hunn Si d'Hal zum Biewen bruecht an all hier legendär Hits aus de 70er an 80er opliewen geloos.

Déi 2 Owenter hunn ëm déi 2.000 Leit de Wee op Käerjeng fonnt fir der Hal 75 gebührend Äddi ze soen.