Change Edition

Ausstellung “The Royal Air Force and Luxembourg – 100 years” zu Nidderdonwen

En Dënschdeg den Owend gouf a Präsenz vum briteschen Ambassadeur John Marshall d’Wanderausstellung “The Royal Air Force and Luxembourg – 100 years” zu Nidderdonwen opgemaach.

An Uwiesenheet vum Minister Nicolas Schmit, de politesche Vertrieder aus der Gemeng Fluessweiler an den Nopeschgemengen an de Vertrieder aus de Veräiner huet de Buergermeeschter Roger Barthelmy sech houfreg gewisen, déi wichteg Ausstellung kënnen zu Nidderdonwen ze begréissen. Hien huet ervirgestrach, datt dës Ausstellung eng besonnesch Bedeitung fir d’Gemeng Fluessweiler huet. Am Joer 1941 war tëschent Uewer- an Nidderdonwen en englesche Fliger erofgefall, bei dem 6 englesch Zaldoten hir Liewe gelooss hunn.

Den Ambassadeur John Marshall huet ënnerstrach, datt et him um Häerz louch, am Kader vum 100 järege Bestoe vun der Royal Air Force, dës Ausstellung op d’Been ze setzen fir ënner anerem ze weisen wéi eng wichteg Roll d’Royal Air Force am Zweete Weltkrich hei zu Lëtzebuerg gespillt huet an op déi Verbindungen, déi tëschent der RAF a Lëtzebuerg bestinn, opmierksam ze maachen.

D’Ausstellung setzt sech zesummen aus 17 Rollupen, déi d’Geschicht vun der Royal Air Force hei zu Lëtzebuerg beschreiwen, mee doriwwer eraus hir Roll an der heiteger Zäit beliichten. Interessant dobäi ass ze wëssen, datt momentan eng lëtzebuergesch Pilotin bei der Royal Air Force matflitt.

Ausserdeem sinn a verschidde Vitrinnen Stécker vum Fliger ze gesinn, deen de 26. August 1941 tëschent Uewer- an Nidderdonwen während engem Asaz vum Blëtz getraff an erofgefall war, genau esou wéi eng Skizz vun der Onglécksplaz déi en Zäitzeien, den Alphonse Demuth, gezeechent huet. Op Plakater gëtt d’Geschicht vum Fligeraccident erzielt, wéi se am Buch vun de Frënn vun der Donwer Geschicht (dat am Joer 2003 fir den 100ten Anniversaire vun der Fanfare “Mosella” Nidderdonwen erauskomm war) vum Nico Thewes geschriwwen ass. Dëst Buch ass nach verfügbar a fir 30 € + Porto ze kréien.

Et handelt sech hei em eng ganz informativ Ausstellung, déi net nëmmen d’Awunner aus der Gemeng Fluessweiler dierft interesséieren.

D’Ausstellung, déi vun der Gemeng Fluessweiler an Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun organiséiert gouf, ass op vum 27. Juni bis den 2. Juli:

Mëttwoch – Freideg: 17.00 – 20.00 Auer

Samschdeg – Sonndeg: 15.00 – 18.00 Auer

Méindeg: 17.00 – 20.00 Auer