Change Edition

een aussergewéinlechen Advent-Chrëscht-Concert am Neiduerf

Bei Geleegenheet vum 100ten Anniversaire vun dem Männerkouer Neiduerf-Weimeschhaff wor en Sonndeg den 8.Dezember an der Neiduerfer Kierch een aussergewéinlechen Adventsconcert, gesongen vun den Chorales d’Hommes Réunies. Niewt de Sänger konnt den Christophe Bornet mat senger herrlecher Bassstömm an den Yves Tordy mat vill Gefill op sengem Cello dee grousse Publikum begeeschteren wat en mat laang unhaalendem Applaus zum Ausdrock bruecht huet. De ganzen Concert gouf mat Bravour vum Gregoire Baumberger um Fligel begleet. Daat Ganzt stong ënnert der kompetenter Direktioun vum Josée Faltz-Wilmes. Et war een onvergiesslechen schéinen Concert.