Change Edition

Theaterfrënn Mansfeldia Clausen - Theaterowenter 2019 am Neiduerf

22
Nov
2019
22 Nov 23 Nov 24 Nov 29 Nov 30 Nov

Nom grousse Succès mam Stéck « Männer am Hierscht  » am leschte Joer spillen d’Theaterfrënn Mansfeldia Clausen dësen Hierscht dat flott a lëschtegt Koméidistéck «  Boeing Boeing ».


Mir heeschen Iech häerzlechst wëllkomm, freeën ons op Äre Besuch a wënschen Iech e puer flotter Stonnen, zesumme mat den Theaterfrënn aus Clausen.


Et gëtt gespillt am „Centre Culturel“ am Neiduerf den Fr 22.11 / Sa 23.11 / So 24.11 / Fr 29.11 / Sa 30.11 ëmmer um 20h00 ausser Sonndes um 17h00.


Et spillen:

BAUSTERT Joëlle EIFFES Viviane FELLER Danièle LEPINE Joanne

LANG Mike MULLER Dan

Régie: Fixemer Alain

Assistenz: Graffé Sonja


Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt.


Reservéieren kann een um Telefon 691 159 570.


Em wat geet et?

Bei engem internationalem Harem vun 3 Stewardessen, ass

et am beschten, wann eng an der Loft ass, eng am gaang

ass ofzehiewen an déi Lescht ass um landen. Kënnt den

Zäitplang awer mol duercherneen, ass ee ganz séier an

Turbulenzen. Wann dann och nach e Co-Pilot mat wéineg

Erfarung dat Ganzt „steiere" wëll, ass et net méi wäit bis de

fräie Fall, an dat ganz ouni Fallschirm. Dann ass et ëmmer

gutt wann ee Budempersonal huet, op dat Verloos ass, fir

datt dat ganzt keng Brochlandung gëtt. Vläit ass souguer ën

duusst Opsetzen mat engem groussen Applaus zum

Schluss méiglech…