Change Edition

Sankt Martinsfeier a Haupeschmaart zou Munzen

Wat fir e flotte Weekend. Samschdeg ware mir vu Martinscomité vun der Por Ëlwen-Wäiswampich Saint François op d'Martinsfeier agelueden. En présence vum Cardinal Jean-Claude Hollerich, ville Kanner a Eltere gouf Zeenenspiel "Ein bisschen so wie Martin" opgefouert. Dunn ass mam impressionnante Fakelzuch zum Martinsfeier gaangen, wou d'Zeen nogespillt gouf, wou de Martin säi Mantel gedeelt huet a engem aarme Mann geschenkt huet, well de gefrueren huet. D'FAL war mat engem Info-Stand am Zelt präsent. Den Erléis vun der ganzer Feier ass fir d'FAL. E grousse Merci schonns mol gesot fir dat Vertrauen an eis Arabescht.

Dann Sonndes war d'FAL mat Benevolle mat engem Stand um Haupeschmaart Munzen präsent. De ganzen Dag konnt en sech iwwert eis Arbescht informéieren. Natierlech konnte Leit och erëm eis leckert Gebeess oder eis Chrëschtkaarten, déi vu Persounen, déi Autismus hunn, gemaach goufen, kafen. Mir hunn och Popcorn ugebueden a d'Kanner konnt um Glécksrad flott Präisser gewannen. Et schéin dobäi gewiescht ze sinn.

Et war also e ganz chargéierte Weekend. Den nächste Rendezvous, de mir iech ginn ass de Freiden, de 15. November am Kutlur- a Sportzentrum zou Grevenmacher, wou en sech mat Jazz verwinne kann. Kommt op de Jazz-Concert, de vun der Jazz Band vun der groussherzoglecher Luxembourg Military Band gespillt gëtt. D'Entrée kascht 10 Euro a de Concert fänkt em 8 Auer owes un.