Change Edition

Merci der Gemeng Cliärref

D' Fondation Autisme Luxembourg hat virun Kuerzem d'Visite vun der Gemeng Cliärref an vu Chauffage Sanitaire Barthel S.A. / Luxemburg. Se konnten sech en Deel vun der geleeschter Aarbecht vun eisem Personal ukucken. Se hunn och gesinn dass trotz hirer Behënnerung, eis Leit e würdegt Liewe féieren. Se sinn och capabel fir schéin a gutt Saachen ze produzéieren...an hirem Rhythmus.
Merci nach eng Kéier fir de Scheck deen de Moien iwwerreecht gouf an dass der un eis geduecht hutt.