Change Edition

Kaarten fir den gudden Zweck

An eisem Konschthandwierk-Atelier zou Munzen gëtt trotz der Summervakanz fläisseg geschafft. Momentan ginn schéin Kaarten produzéiert. Wéi Dir wësst produzéieren bei eis Persounen mat Autismus Kaarten fir déi verschiddenst Uläss (Kommunioun, Stierffall, fir einfach Merci ze soen, fir den Gebuertsdag). Wann Dir Interessi un eisen Kaarten huet, dann mellt Iech bei eis, oder kommt eisen Stand e Sonndeg, den 8. September um Solidaritéitsmaart zou Clierf besichen.