Change Edition

E Reportage iwwert d'FAL

Lescht Woch Donneschdes, den 3. Dezember, war den internationalen Dag vu Mënsche mat enger Behënnerung. An dësem Kontext gouf et am Journal vun RTL Lëtzebuerg eng kleng Reportage iwwert eis Fondation Autisme Luxembourg.


Dëst huet eis gehollef, net nëmmen eis alldeeglech Aarbecht, mä och den Handicap Autismus méi an de Virdergrond ze bréngen an déi breet Gesellschaft soumat e bëssi méi fir Autismus ze sensibiliséieren.


Zudeem ass een am Reportage dorop agaangen, wéi mir eis Bewunner lues a lues un déi nei Restriktioune gewinnt hunn.


Fir déi, déi en nach net gesinn hunn : De komplette Reportage ënnert: RTL .


#FAL #ËMMERDO #Lëtzebuerg #Autismus #MERCI #Reportage