Change Edition

Konschtausstellung am Hotel Légère zu Mënsbech

D’Fondatioun Wonschstär huet de Weekend vum 7-8 Abrëll op seng éischt Konschtausstellung an den Hotel Légère op Mënsbech agelueden. Déi zwee Deeg huet de Wonschstär den 4 Kënschtler Snejana Granatkina, Eric Heimermann, Thibaut de Villèle an Tom Pauly, d’Méiglechkeet ginn hier Wierker aus Fotografie a Molerei auszestellen. Freides Owes huet d’Presidentin Viviane Vermeer bei engem klenge Patt an e puer Schnittercher, d’Konschtbegeeschtert déi de Wee bis op Mënsbech fonnt hunn, begréisst an puer Erklärungen zu der Fondatioun an de Kënschtler sou wéi hire Wierker ginn. Samschdes hunn du weider Läit sech och bei wonnerschéi Wieder dobaussen d’Geleeënheet net entgoe gelooss d’Konschtwierker ze bestaunen an och dat eent oder anert Wierk mat Heem ze huelen. Alles an allem war et eng ganz positiv éischt Erfahrung vir de Wonschstär a mir soen jidderengem Merci déi d’Fondatioun an déi eenzel Kënschtler mat hirer Präsenz appreciéiert huet.

(TEXT: Tom Pauly) & (FOTOEN: Eric Heimermann)