Change Edition

400 Rucksäck fir "E Pak fir Madagaskar" asbl

Advanzia Bank ënnerstëtzt d’Aktioun “E Rucksak fir Madagaskar”

Viru kuerzem huet d'Advanzia Bank spontan d’Schoulrentrée-Aktioun “E Rucksak fir Madagaskar” ënnerstëtzt, an dem Nadine Elcheroth (Präsidentin) an dem Christiane Gros (Trésorière) vun der asbl “E Pak fir Madagaskar” 400 Rucksäck, 400 Schreifbléck a 400 Stëfter iwwerreecht.

Dëse generéisen Don dréit dozou bäi, datt jiddereen vun de 400 Schüler an deene 4 Schoulen, déi d’asbl op Madagaskar ënnerstëtzt, fir d’Rentrée e Rucksak kritt, dee mat fonkelneiem Schoulmaterial gefëllt ass an deen de Schüler e gudde Start an hiert neit Schouljoer erméiglecht.

All Detailer iwwert dës Aktioun fir d’Schoulrentrée fënnt een op www.epakfirmadagaskar.lu an op der Facebook-Säit vun der asbl.