Change Edition

Feierlechkeeten 140 Joer Schéissendëmpel

Am Mëllerdall gouf e Sonndeg, den 21. Juli den 140. Gebuertsdag vun der Bréck iwwert der Schwaarzer Ernz beim Schéissendëmpel gefeiert. Musikaleschen Intermezzo vun ënner anerem dem Kanner- a Jugendchouer Konsdref, de Chéier Berdorf/Consdorf a Waldbëlleg bei de Feierlechkeeten an dëser idyllecher Landschaft am Mëllerdall. D‘Chéier hun all zesummen ënnert der Leedung vum Emile Weis gesongen.