Change Edition

Konscht & Hobbymaart am Nëssert

Et ass déi 7ten Editioun déi am Nëssert vun der Kulturkommissioun aus der Gemeng Monnerech organiséiert gëtt.

Um 11h30 huet Presidentin Marianne Baustert-Berens de Konscht& Hobby Maart opgemaach.

Begréisst goufen de Buergermeeschter Jeannot Fürpass, Gemengeconseilleren Anouk Boever-Thill, John van Rijswijck, Serge Gaspar, an Claude Clemes.

Net vergiesse ginn d’ Memberen aus der Kulturkommissioun vir hir loyal a konstruktiv Ënnerstëtzung.

Op 35 Stänn hunn d’Hobbykënschtler hier Produkter presentéiert, ënnert anerem :

Tiffany, Broderien, Tableauen, Keramik, Bijouen, Gestrécktes, Bicher,

Gebeess, Likören an Drëppe stoungen och um Programm.

Harmonie vu Monnerech wor fir de Catering an d ‘Buvettë zoustänneg.

An hirer Ried huet Madame Baustert d ‘Fro gestallt:

Wou kennt de Begrëff „Hobby“ eigentlech hir?

De Begrëff Hobby kennt vum englesche “Hobby Horse” an huet e klengt Päerd oder Pony bezeechent, mee och eng Kanner Spillsaach: ein Steckenpferd. Méi spéit, huet dësen däitschen Begrëff, déi Zweet Bedeitung “Fräizäitbeschäftegung „ugeholl.

En Hobby ass en Ausgläich a-léist de Mënsch vir eng gewëssen Zäit den Alldag vergiessen, vermëttelt engem Freed, Gléck, Zefriddenheet, Energie a Motivatioun, bleift och an schwieregen Zäiten, ee vun deene bestännegem Elementer a stellt en Deel vun senger Identitéit duer. (dixit:Marianne Baustert-Berens )