Change Edition

Seniorefeier mat offiziellem Start vum Télévie- Zenter


Mäerzeg: Gläich zwee schéin Evenementer stongen viru kurzem bei der Gemeng Mäerzeg am Centre Turelbaach um Programm. Engersäits waren all Mäerzeger Bierger ab dem 65. Liewensalter op di traditionell Seniorefeier invitéiert an aanerersäits war den offiziellen Lancement vum Mäerzeger Télévie- Zenter gläich fir den Ufank vun deser Feier, programméiert. No enger interessanter Virstellung vum Projet tëschent dem Buergermeeschter Mike Poire an der Télévie- Koordinatorin Diane Wunsch an a Präsenz vum Organisatiounscomité hun si dat kommend Evenement vum Mee 2022 zu Mäerzeg kurz virgestallt. No der Usproch a Wëllkommensgréiss vum Buergermeschter gouf den Apéritif zerwéiert a gläich drop sin di ronn 100 Gäscht mat engem deftigen Menü verwinnt gin. Bei der uschléissender Seniorenéierung déi zesummen mat der intergenerationeller Kommissioun erfollegt ass, sin folgend Geburtsdagskanner fir 80 Joer mat engem Kado honoréiert gin. Dat waren nodréiglich vum Joer 2020: Françoise Léontine Renée Thill. Fir 2021: Marie- Louise Lanzener, Marianne Weis, Jean- François Mathias Beidler, Anne Pletschette an Marie Pick. A flotter Atmosphäre huet dess Feier mam Besuch vum Kleeschen hiren würdigen Ofschloss font. (CR) (Foto: Charles Reiser)