Change Edition

Lyra Ettelbréck- 111 Joer Gesang, huet e flotte Programm zerwéiert

Mäerzeg: Op Aluedung vum Gesangveräin Feelen – Mäerzeg huet den am Joer 1911 gegrënnten Männerkouer Lyra vun Ettelbréck, no zwee Joer Pandemie- Paus, viru kuurzem an zwéin Owender scho fir di eelefte Kéier, d’Bühn am Centre Culturel Turelbaach zu Mäerzeg betrat, fir dem Publikum e flotten Gesangsprogramm ze präsentéieren. Ronn 260 Zuhörer konnt den Chouer- President vu Mäerzeg , Jeannot Wantz di zwéin Owender begréissen. Hire laangjährigen Dirigent Marion Michels haat mat senge Lyra-Sänger ënnert dem Titel „ Lyra bien qui Lyra le dernier“ nit manner wi 21 bekannt Melodien aus de Joeren 1903 bis 1979 erausgesiicht, déi dat begeeschtert Publikum zum Sangen a Klatschen bewegt hun. Mat Melodien wi „le plus beau Tango du monde“, Congratulations“, „ Eviva Espania“, „Du schwarzer Zigeuner „ bis hin zu „Dschingghis Khan“ , déi och deelweis vun de Solisten Henri Beissel, Jean Gehlen an John Düsseldorf gesanglich interpretéiert goufen, koum de ganzen Owend zesummen mam Instrumentenensembe Luc Hoffmann, Pit Even, Max Duchscher an Claude Huss um Piano och keng Langweil,op. No de Rieden vum Jeannot Wantz, dem Buergermeeschter Mike Poiré an dem Lyra – President André Nicolay huet de Männerchoeur nach dräi Zugaben zum Bäschte gin , fir dat ganzt Publikum och bäschtens zefridden ze stellen. (CR ) (Fotoen : Charel Reiser)