Change Edition

D'ass Kiermes am Duerf

14
Sep
2018
16 Sep

D’Gemeng Mäerzeg, d’Eventkommissioun an d’Veräiner invitéieren Iech op d’Festivitéite vum Kiermesweekend vum Freideg, 14. bis Sonndeg, 16. September 2018 mat dësem Programm:


FREIDEG, DEN 14. SEPTEMBER


18h30: Offizielle Vernissage vun der traditioneller Kiermesausstellung mat dëse Sujeten:

-MENG DRAMSCHOUL: Schoulkanner aus dem Cycle 3 presentéieren hir Visiounen, wéi déi zukünfteg Mäerzeger Schoul soll ausgesinn;

-DE MÄERZEGER THEMEWEE vum Buedem an aus der Héicht, all Stonn eng Filmvirféierung vu 25 Minutten, Pilot: John Streff, Fotograf: Nicole Keiser;

-EIS DÉIEREWELT um THEMEWEE: Fotoreportage vum Roger Thillens;

-FASZINATIOUN BEIEVOLLEK: presentéiert vum Michel Collette an Erklärungen zum Thema „Wéi baut d’Bei“ a manuell Virféierung „Beiekuerfflechten“ no aler Lëtzebuerger Traditioun. D’Ausstellung ass dee ganze Kiermesweekend samschdes a sonndes op vu 14h00 bis 18h00.


21h30: De Club des Jeunes Mäerzeg invitéiert op déi fënneft Editioun vu sengem « Ballermann Mash-up » direkt beim Centre Turelbaach. De ganzen Owend iwwer ginn et Iwwerraschungen fir de 5. Gebuertsdag ze feieren! Special guest: IKKE HÜFTGOLD, Music by DJ Al, Warm-up by DJ Wällen, DJ DEYS, DJ FLEEX, Presented by: ELDORADIO, Sound & Light by SL Solution Design by PRINT.lu, +++50L Fräibéier ab 21h30+++

D’Late Night Bussen (www.latenightbus.lu) fueren natierlech och.

Fir all déi wou net mam Late Night Bus fueren, proposéiert de CDJ seng Nightrider-Aktioun! Bestellt zu minimum 8 ären Nightrider, an de CDJ rembourséiert iech 50% bis maximum 50€ vum Präis! Mellt iech per Privatnoriicht op der FB-Säit vum CDJ oder iwwer Email : cdj.mertzig@gmail.com!

Fir de klengen Honger ass och gesuergt a fir deen deen si kennt, fir den Duuscht souwisou!

D’Virverkeef si bei all Member vum CDJ ze kréien an op folgende Plazen: Gulf Mertzig // Café Restaurant Marso Mertzig VVK: 5€ // OWK: 8€


SAMSCHDEG, DEN 15. SEPTEMBER


Traditionellen Hämmelsmarsch

Mini-Kiermes beim Fussballsterrain

Kiermesausstellung am Centre Turelbaach vun 14 bis 18 Auer


SONNDEG, DEN 16. SEPTEMBER


8h30: Grousse Spadséierdag zu Fouss, um Vëlo, an der Kutsch, …

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch organiséiert d’Gemeng Mäerzeg an Zesummenaarbecht mam Fierschter, de Kommissiounen, dem Grupp "Leader Atert-Wark" an dem ORT-Guttland op Kiermessonndeg, 16. September 2018 ee grousse Spadséierdag, wou d’Mäerzeger Bierger a verschidde Gruppen 3 Trëppeltier, 1 Vëlos-Tour an 1 Mountainbike-Tour elektronesch erfaassen mam Zil, ee qualitative Reseau vu verschiddene Weeër an der Gemeng Mäerzeg ze schafen.

RDV & Depart ass um 8h30 virum Pompjeesbau. Jiddereen ass wëllkomm! Ee FAIRTRADE-Ravitaillement-Posten ass virgesinn.


11h00: VINTAGE BOYS CHALLENGE! Grouss « Course contre la montre » um VËLO an den Héichten an Déifte vu Mäerzeg! RDV ass um 11h00 virum Pompjeesbau. D’VINTAGE BOYS wëlle vun de Mäerzegerinnen a Mäerzeger erausgefuerdert ginn. Ee FAIRTRADE-Ravitaillement-Posten ass virgesinn wann d’Wuede brennen! Zum Schluss gëtt et eng Kiermesdrëpp!


14h00 bis 18h00: Kiermesausstellung am Centre Turelbaach.


16h00: Grousse Kiermesmatch FC SPORTING MÄERZEG – NORDEN 02