Change Edition

"All Enn ass och ëmmer een Neiufank" - Generalversammlung vun de JS-Osten

"All Enn ass och ëmmer een Neiufank". Sou huet eis Generalversammlung vum 2. Oktober geheescht. Firwat? De Ben Streff, laangjärege Präsident vun der JS-Osten, huet am Mäerz 2021 no iwwer 8 Joer definitiv säi Posten niddergeluecht a féiert seng politesch Karriär als Präsident vum LSAP Bezierk Osten weider. Mee wéi gesot, ass esou een Abschid och den Ufank vun eppes Neiem. Sou iwwerhuele mam Jim Hirtt als neie Präsident, dem Jeff Schreiber als Vize-Präsident, dem Margot Delaunois als Sekretärin an dem Jorden Kent als nei Tresorière, sou wéi engem neigewielte Comité, motivéiert jonk Leit d'Relève vun der JS-Osten. Ënner Presence vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert an dem Generalsekretär vun der LSAP, dem Tom Jungen, ass dëst am Centre Culturel zu Mäertert gefeiert ginn. Als JS-Osten freeë mir eis elo ob déi Zäit déi kënnt. Mir soen dem Ben Streff Merci fir säin Asaz an de leschte Joren a wënschen him och alles Guddes bei der Bewältegung vu sengen neien Aufgaben!