Change Edition

Mat Plastiksstëpp ee Mënscheliewen veräinneren

Zënter Uganks 2020 ënnerstëtzt d’Gemeng Miersch d’Aktioun “E Stopp fir ee Mupp” vun der “Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn” (ASA).


Mat Äifer hunn d’Bierger aus der Gemeng an déi kommunal Servicer bannent 18 Méint zirka 240.000 Plastiksstëpp fir de gudden Zweck gesammelt.


Am Mount August goufen der ASA déi 360 Kg Plastiksstëpp iwwerreecht. Et ginn awer 56 Tonne Stëpp gebraucht, fir déi 17.000 Euro fir d’Ausbildung vun engem Assistenzhond ze bezuelen. Dowéinst wäert d’Gemeng Miersch weiderhin um Ball bleiwen.


Deen duerch “E Stopp fir ee Mupp” finanzéierten Hond erméiglecht et Mënsche mat besonnesche Besoinen, hiren Alldag, spréch hiert Liewen, massiv ze verbesseren.

Niewent dem karitative Charakter vun dëser Aktioun, profitéiert och d’Ëmwelt dovunner. Duerch de Recyclage vun de Plastiksstëpp fir d’Produktioun vun anere Produkter gëtt nämlech manner Pëtrol gebraucht.


Hei d’Sammelplazen an der Gemeng Miersch:

- Entrée vun der Gemengeverwaltung (Schlass)

- Maison relais Krounebierg

- Maison relais Nic Welter

- Crèche Butzenhaus

- Centre aquatique Krounebierg

- Schoul Cécile Ries

- Sportshal (Rue des Prés)