Change Edition

Eis Militärmusik "in Concert" op der Maartplaz zu Miersch


Miersch: Op Invitatioun vun der Gemeng an der Kulturkommissioun Miersch huet eis Militärmusik e Freiden , den 5. Juli, ënnert der Directioun vum Capitaine Christian Kirpes, Chef- Adjoint vun der „ musique militaire Grand- Ducale“ virun engem grousse Publikum a bei schéinstem Wieder, e ganz flotte concert offréiert. Um Programm stongen „ la petite Garde“, „ die schöne Galathee“, „Souvenir du pays“ „ Viva Misica“, „ Appalachian Overture“, „ Bolero Brillant“, „the golden Lady“ „ Tici Tico“ an „ hands accross the see“. No denen vum Pubklikum gefouerten Zugaben war et um Christiane Haubrich- Schandeler , Präsidentin vun der Mierscher Kulturkommissioun , fir dem ganzen Orchester mat hirem Chef e grousse Louw verbonnen mat engem Merci fir di wonnerbar Opféierung, auszespriechen. Am Virfeld vum Concert war et den Michel Reiland , den als Schäffen vun der Gemeng Miersch eis Militärmusik mat allen Zuhörer herzlich wëllkomm geheescht huet. (CR) (FOTOEN CHAREL REISER)