Change Edition

Ären Asaz fir de Fridden an eisem Land

De leschte Sonnden, den 11. Oktober 2020 huet d’Gemeng Miersch d’Journée de commémoration nationale begaangen.


No dem Cortège duerch den Zentrum, hunn de Schäfferot a Vertrieder vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés Politiques (LPPD) et an den Enrôlés de Force beim Monument aux Morts eng Gerbe niddergeluecht.


Unhand vun enger opwändeger Mise en scène an engem speziell fir dësen Event gedréinte Film, gouf déi delikat Zäit vun deemols bei der uschléissender Mass erëmginn.


D’Gemeng Miersch, d’LPPD, d’Enrôlés de Force, déi Mierscher Clibb an d’Por Miersch organiséieren all Joer eng Feier zum Gedenken fir d’Krichsaffer.