Change Edition

Schnäppchen Präisser an der Kleederstuff Miersch

04
Sep
2021
04 Sep

E Samschdeg de 4. September 2021 ass d‘Kleederstuff Miersch op vun 9:30 bis 18:00 fir hire grousse Second Hand Verkaf. Kleeder a Schong fir Kanner an Erwuessener ginn hei zu exzeptionellen Schnäppchen Präisser ugebueden. Den Erléis ass wei gewinnt integral fir Lëtzebuerger Hëllefsorganisatiounen. Dir fannt d‘Kleederstuff Miersch op 11, rue Nicolas Welter, vis-à-vis vun der Kierch.