Change Edition

Open Air Kino: Top Gun 2 - Maverick

05
Aug
2022
05 Aug

Wat huet et mat Hammbieren a Moschter op sech?

Ass den Tom Cruise am neien Top Gun nach ëmmer an topp Form?

Wéi huet de Gru seng kriminell Carrière ugefaangen?


D’Äntwerten op dës Froen a spannend a lëschteg Kinosmomenter kritt Dir dës Woch gratis zu Miersch op der Méchelsplaz. D’Gemeng Miersch an de Comité des fêtes invitéieren Iech an Är Famill.

All Film ass op Däitsch

All Film ass vun 2022

D’Entrée ass gratis

Mir hu 600 Sëtzplatzen (ouni Reservatioun)

Popcorn, Fritten, Gegrills, Pangécher a Gedrénks gi verkaaft

De Freiden, 5.August kommen beim Blockbuster TOP GUN 2 – MAVERICK d’Fans vum Tom Cruise a vu Juegdfligeren op hir Käschten.


Ufank: géint 22:00h

Virprogramm (géint 21:20h): Interview mat de Responsabelen vun der Asbl Feierblumm. Kuerzfilmer. Aftermovie vum Festival Mir si Miersch.