Change Edition

Widdebierglaf 2019

29
Jun
2019
29 Jun

E Samsdeg, den 29. Juni ass di 7. Editioun vum Widdebierglaf zu Menster. Ab 17.00 Auer stinn 2 Kannercoursen um Programm, éier um 18.00 Auer de Startschoss fir d'10 km Course fält.

Fir musikalesch Animatioun op der Streck ass wi ëmmer gesuergt an och no der Präisiwwerreechung suergen d'"Krunnemécken" fir gutt Stëmmung. Départ an Arrivée, souwéi Iessen a Gedrénks sinn no beim Kulturzentrum.

Ab 16.15 Auer gëtt de Panorama-Wander-Tour vun der Gemeng Betzder beim Départ a Präsenz vum Minister Lex Delles ageweiht mat uschléissendem Eirewäin.

Umeldunge fir de Laf sinn nach bis de 26. Juni online op www.widdebierglaf.lu méiglech oder den Dag selwer ab 15.30 Auer am Kulturzentrum.

Wéi all Joer geet den eventuelle Bénéfice vum ganzen Dag un e gudden Zweck, dest Jar un d'Fondatioun EPI (www.fondationepi.lu)