Change Edition

SIT's Miedernach & Iermsdrëff mat gemeinsamen Internetoptrëtt

Un jiddereen, dén un Medernach an Ermsdorf interesséiert as:

Mir sin houfreg Iech den néien Look vum gemeinsamen Internetsite vun den S.I.T. Medernach an Ermsdorf fir ze stellen, dén ab haut ennert dem www.medernach.info leeft. Am Hibléck op d'Fusioun vun den 2 Gemengen Medernach an Iermsdrëff haten déi 2 Syndicats'en sech zesummengedoen, fir am corporate identity vum ORT Mellerdall Petite Suisse Luxembourgeoise en gemeinsamen Internetoptrëtt ze réaliséieren.

Och d'Nimm www.buerfousswee.lu www.barfussweg.lu an www.blotevoetenpad.lu kommen elo op der richteger Säit eraus fir Informatiounen iwwert den Buerfousswanderwee gewuer ze gin (dén geht erem den 30. Abrell 2011 op, bis 30. September 2011)

Mir hoffen Dir hut Spaass beim browsen an fannt nach dat eent oder annert Wëssenswert iwwert eis zukünfteg Aerenzdallgemeng eraus. Zéckt net eis ze kontaktéieren fir eventuell Ajouten oder Changementer. Zemools d'Verainer sollen mat Zäiten d'Detailer vun hieren Evenementer duerchgin, esoudat den Kalenner emmer à jour bleiwt. Mir setzen Iech déi dann och um http://www.mywort.lu/medernach/ wann der dat wellt.

mat eisen bäschten Gréiss

S.I.T. Medernach & S.I.T. Ermsdorf