Change Edition

Kabaret Sténkdéier - Tabula Rasa!

08
Nov
08 Nov

Den neie Sténkdéier-Programm 2018. Texter: Alain Adams a Roland Meyer. Et spillen: Conny Braquet, Irène Zeimes, Patrick Kayser, Luc Schumacher a Mich Wagener. Regie a Musek: Roland Meyer.


Et gëtt esou Momenter am Liewen: entweeder ganz ophalen oder alles zréck op Start an nei ufänken: Tabula Rasa!


An der Politik ass et kloer, all fënnef Joer fänkt alles vu vir un, a fir dat wat war, wëllt kee méi d’Verantwortung iwwerhuelen. De Wieler mëscht d’Kaarten nei an d’Parteie schoustere sech géigensäiteg de schwaarze Péiter zou oder verdeelen d’Kinneken, d’Essen an d’Dammen esou wéi et hinne grad am beschte passt an nennen dat dann „de Wielerwëllen“. Bléist de „Wind of change“ oder bleift alles beim Alen? Ëmmer méi Leit ass dat komplett egal a se ginn e wäissen Ziedel of.

Een neit Kapitel gëtt iewer och am Privaten ëmmer méi dacks opgeschloen, wien huet dann nach Loscht, haut, wou mir alles wëllen, villes hunn, iewer näischt däerfen, ee ganzt Liewe mat engem eenzege Partner ze verbréngen? Dat ass langweileg a weder spannend nach ofwiesslungsräich. Hu mir eist Liewen emol zerguttst an de Sand gesat, drécke mir op de „Reset-Knäppchen“ a kafen eis een neit. Schliisslech hu mir et jo – nach ëmmer!


Do, 08.11.2018 / 20H00

Erwachsene: 20 € / Cube Card: 17 € / < 26 Jahren: 10 €

Kartenvorverkauf: + 352 521 521 / info@cube521.lu / www.cube521.lu


Cube 521

1-3, Driicht L-9764 Marnach