Change Edition

Kabar Ö

24
Feb
24 Feb

Eng kabarettistesch Vue op eng Mouvementéiert Zäit. Mat Texter vun e.a. Alain Adams, Jemp Schuster, Jhemp Hoscheit, Roland Gelhausen. Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees!


De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, “déi do uewen déi decidéieren” - “déi do ënne déi knadderen”, d’Loscht op Konsum - de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn.

Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?

Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten « ale » Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei.

Oder iren dach?

All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar.


So, 24.02.2019 / 18H00

Erwachsene: 20 € / Cube Card: 17 € / < 26 Jahren: 10 €

Kartenvorverkauf: + 352 521 521 / info@cube521.lu / www.cube521.lu


Cube 521

1-3, Driicht L-9764 Marnach