Change Edition

Krautwëschdag Mass bei der Grott

Bei guddem Wieder konnt den Dechen Claude Bache dëst Jar d'Mass um Virowend vu Krautwëschdag rëm eng Kéier bei der Grott zu Manternach halen an d'Kraider seenen. D'Chorale Manternach-Lellig huet d'Mass mat hierem Gesank verschéinert. Déi Manternacher Grott, déi zu deene schéinsten am Land gehéiert, ass 1939 op Initiativ vum Paschtouer Aloyse Faber vum Grottebaumeeschter Jos Wallenborn ënner Bedeelegung vum ganzen Duerf gebaut ginn. Den Heemechtsdichter Wëllem Weis, deen séng Wuerzelen zu Manternach haat, huet den 22. September 1939 am Lëtzebuerger Wort ënner dem Pseudonym "Bruder Klaus" e liesenswäerten Artikel iwwer déi Manternacher Grott publizéiert, deen iwwregens am Jubiläumsbuch "150 Jar Manternacher Kierch" nozeliesen ass".