Change Edition

D’Geschichtsfrënn waren d’Expo „Lëtzebuerg am Däitschen Zollveräin“ kucken.

De Geschichtsveräin an d‘Kulturkommissioun vun der Gemeng Manternach waren an d‘Nationalarchiv d’Ausstellung „Lëtzebuerg am Däitschen Zollveräin“ besichen. Si si vum Historiker Charles Barthel begréisst ginn, deen si duerch d’Ausstellung gefouert an op eng erfrëschend lieweg an intressant Manéier déi ganz Evolutioun beliicht huet, déi um Enn derzou gefouert huet, datt Lëtzebuerg 1842 dem Däitschen Zollveräin bäigetrueden ass, obschonn déi grouss Majoritéit vun der Populatioun dergéint war. Natierlech sinn och d‘Auswierkunge vun dësem éischte gemeinsame Maart an hiere ville Facette zur Sprooch komm.