Change Edition

D’Gesangveräiner Manternach-Lellig hunn hir Sängerin Elsy Weis-Meiers gefeiert.

D’Elsy Weis-Meiers ass 1986 an déi Manternacher Chorale agetratt an zanterhier aktive Member. Hatt ass 1939 zu Hierber op d’Welt komm an huet sech 1962 zu Manternach mam Adolphe Weis bestued. Deemno konnt d’Elsy viru kuerzem säin 80. Gebuertsdag bei gudder Gesondheet feieren. D’Chorale vu Manternach a Lellig, déi zanter 1990 zesumme sangen, hunn him fir säi ronne Gebuertsdag gratuléiert an hatt huet sech mat allerlee gudde Saache revanchéiert.