Change Edition

Sangen fir den gudden Zweck

D’Sängerin a Songwriterin Jeneli huet dëst Joer hire véierte musikaleschen Charityprojet realiséiert, des Kéier an der Klass vum Schoulmeeschter Jeff Servais aus der Mamer Primaireschoul.

Et ass drëms gaangen d’Schüler fir Kanner an Nout ze sensibiliséieren, sech solidaresch ze weisen a Positivitéit trotz der Pandemie ze verbreeden. « Change » – Dat ass e passenden Numm fir esou ee Lidd. D’Kanner haten d’Geleeënheet, d’Lyrics matzegestalten, d’Lidd ënnert der Begleedung vum Jeneli ze

üben, et professionell am Studio „musicz“ vum Museker Claude Zeimes opzehuelen a finalement mat selwer entworfene Flyere Publicitéit dofir ze maachen. D’Lidd konnt een entweder als CD oder als MP3-Datei kafen. De Montant war dem Keefer fräigestallt.

D’Schüler hu selwer d’Associatiounen ausgesicht, fir déi si Spende sammele wollten. Esou huet d’Klass Kontakt mat der Fondatioun Kriibskrank Kanner an dem Kannerhaus Jean vun der Croix-Rouge opgeholl, soudass si sech am Detail iwwert d’Missioune vun dësen Associatiounen informéiere konnten. Nieft ville Komplimenter kruten d’Jeneli an d’Schüler vum Här Servais als Zeeche vun der Unerkennung d’Maskottchen vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, de Poldi, iwwerreecht.

Ënnerhalb vun 2 Wochen ass d’Lidd ganzer 170 Mol verkaf ginn an et sinn net manner wéi 2.275 Euro zesummekomm. D'Schüler aus der Klass 4.2 vun Mamer konnt ganz stolz ee Scheck vun 1.075 € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreechen. www.fondatioun.lu