Change Edition

"Rencontre Musicale" zu Mamer

Viru kuerzem huet am Kinneksbond zu Mamer di 8. Editioun vun der "Rencontre Musicale", organiséiert vun der Chorale Ste Cécile Mamer, stattfonnt.

Nieft der Gastgeber-Chorale waren och d’Chorales des Jeunes, Forte a Fortissimo aus dem Conservatoire vu Lëtzebuerg ob der Bühn an hunn virun engem gutt gefëllte Kinneksbond Lidder vun der Renaissance bis an d’modern Rockmusik virgedroen. Di am ganzen 150 Sänger stoungen ënnert der Direktioun vum Sylvie Serra-Jacobs, Professor am Conservatoire, a goufe begleet um Piano vum Cosimo Colaci, och Professer am Conservatoire, dem Rom Heck um Bass, dem Gilles Grethen ob der Gittare, dem Jeff Schmidt ob dem Synthi an dem Patrick Serra ob der Batterie.

Den zweeten Dag stoung ënnert dem Motto "Rencontre des Jeunes". Hei stounge véier Kannerchéier (Piano aus dem Conservatoire a Kannerchouer vun der Centser Museksschoul ënnert der Direktioun vum Katrin Trierweiler, Crescendo aus dem Conservatoire ënnert der Direktioun vum Sylvie Serra-Jacobs an d’Hueflachspatzen vu Stroossen ënnert der Direktioun vum Caroline Medernach) ob der Bühn.

D’Iddi war, jonke Kanner tëscht 5 an 11 Joer) eng Bühn ze bidde vir hinnen an der Famill ze weisen, wéi flott de Gesang ka sinn.

(Fotoen: Luc Feller)