Change Edition

Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen . . .

10.11. Kultur /  Jean Kandel, Partitursammler Luxemburger Komponisten Foto:Guy Jallay

No deem Moto gëtt et ëmmer méi wichteg dat ze retten wat nach ze retten ass. Hëlleft duerfir all, eise Lëtzebuerger Lidderschaz erëm opliewen ze loossen an ze erhalen, an de Schoulen, an de Veräiner, an der Gesellschaft, an der Famill !

Lidder erzielen äis jo och meeschtens eng ganz interessant Geschicht a sinn duerfir och eng wäertvoll Hëllef an eise Schoulen a vierwat net och an den Lëtzebuerger Coursën. Do geet et jo net nëmmen drëms ee Lidd ze sangen, ma och iwwer de Sënn an d’Geschicht vum Lidd mateneen ze schwätzen.

Lëtzebuerger Lidder fënd een iwwer eist Land mat sengen Géigenden seng Dierfer sou wuel wéi iwwer fréier Beruffer, Bräicher, Monumenter a bedeitend Leit, iwwer Fester a Feierlechkeeten, iwwer Veräiner, Hobby a Sport, iwwer Iessen, Drénken a Léift, iwwer all Altersgruppen a Sozial Schichten, ma och aus schwéieren Zäiten a vun traurege Momenter, oder Reliéis Theemen an ons schéin Kannerlidder. Et geschitt jo näischt wouriwwer een net ee Lidd fanne géif fir ze sangen oder den Text ze liesen an doriwwer ze schwätzen !

A villen Gemengen a Veräiner ginn haut Archiven opgebaut mat all méiglechen Informatiounen vu Fréier. Do gesäit een wéi schwéier et ass fir Dokumenter an Informatiounen erëmzefannen. Fir Lidder dozou sinn ech schon dacks an deem Sënn gefrot ginn: „Kopleschter Lidd“ – „Mierscher Lidd“ – „Steeseler Lidd“, - "Dickrecher Lidd", – ma och vum Eisléck der Musel, dem Minett oder der Stadt.

Niewt engem Archiv vun 4000 Lëtzebuerger Lidder ( Wierder an Nouten ) gëtt et elo och 2 Lidder-Bicher, mat 95 däer Päerelen déi fréier iwwerall auswenneg gesonge gouwen, ma lues a lues an de Vergiess gerode sinn, well se a kenge Bicher woaren!

Fir 20€ de Band ( 22€ mat Porto ) kënnt dir dëse Kulturschaz an äerer Bibliothéik hunn, ma net nëmme fir schéin ze maachen, ma fir iech an äere Kanner a Frënn epuer freedeg Stonnen ze gönnen !

Och fir all Info iwwer eis schéin an onvergiesslech Lidder :

Jean Kandel 7, rue Luitgardis L-8244 Mamer 621 665 212 jeankandel@pt.lu

Oder : an de Bicherbuttiker:

“Um Fieldgen“ an der Stad, „Am Wenkel“ zu Bartereng,

„Massen“ Wemperhardt, „Diederich“ zu Esch, „Eicatcher“ an “100% Lëtzebuerg“ zu Gréiwemaacher,

„Réidener-Spënnchen“ an „Häere-Spënnchen“ zu Réiden.