Change Edition

D’Becheler Sänger bei der Seniore Feier zu Schëffléng .

Colette a Fernand Revival bei der Seniore Feier zu Schëffléng. Ënner der Leedung vum Jean Kandel an um Piano begleed vum Michel Winter, hunn "d'Becheler Sänger" 7 Lidder vum Colette a Fernand Wark gesongen, wou och d’Nolauschterer dichteg matgewierkt hunn. Donieft hunn de Vic Hoffmann an den Serge Oth 2 Sketscher viergedroen. Vum Jean Kandel woaren et 2 Gedichter, woubäi d’Fabienne Görgen d’Roll vun der Enkelin gespillt huet beim "Bopi, wat mengst du dozou?". Och "d'Rouse vu Lëtzebuerg“, mam Eliane Lothrirz a Jean Kandel, hat groussen Erfolleg. Déi Stroossener „Hueflachspatzen“ hunn iwwerdeems Réisercher un all Gäscht verdeelt. Ma si hunn och, ënner der Leedung vum Caroline Medernach an um Piano begleed vum Jeff Schmidt, d’Fräschen- an d’Footballslidd gsongen. Dat woar déi 4. Opféierung vum „Colette a Fernand Revival“, zwee oniwwertrefflech Könschtler déi ëmmer erëm gäer gehéiert ginn.