Change Edition

Winter Moments

06
Dec
2019
06 Dec 07 Dec 08 Dec 10 Dec 11 Dec 12 Dec 13 Dec 14 Dec 15 Dec 17 Dec 18 Dec 19 Dec 20 Dec 21 Dec 22 Dec 23 Dec 24 Dec 25 Dec 26 Dec 27 Dec 28 Dec 29 Dec 30 Dec 31 Dec 01 Jan 02 Jan 03 Jan 04 Jan 05 Jan

Wann d’Deeg méi kuerz ginn an den Thermometer ëmmer méi déif Temperaturen uweist, gi mir lues awer sécher op d’Chrëschtdeeg zou. Och hei an der Gemeng kënnegt sech mam Dezember eng vun de beléiftste Manifestatioune vum Joer un: d’Mamer „Winter Moments beim Schlass”. Et ass ewell déi véierte Kéier, dass d’Gemeng dëse flotten Event organiséiert. Wéi gewinnt erwaart Iech am Haff vum Mamer Schlass eis gratis Äispist wou Grouss a Kleng kënne Schlittschong drop fueren. De Chalet ass dëst Joer och am Dag gehëtzt an dir kënnt och Nomëttes hei a gemittlecher typesch schwäizer Almhütten-Atmosphär e Glühwäin oder e Choky, déi eis lokal Veräiner Iech zerwéiere wäerten, genéissen.

Mais wat wieren d’„Winter Moments” ouni eisen traditionelle Chrëschtmaart. De 14. a 15. Dezember invitéiert de Syndicat d’Initiative Iech op en Neits op e puer flott Momenter bei eise ronn 20 klenge Chaleten op der Kierchplaz. Hei kënnt Dir Iech mat Cadeauen andecken, e Patt mat Frënn a Famill drénken oder och de Museker op eiser neier „Wanter-Bühn” nolauschteren.

Ech wier frou, Iech all op de „Winter Moments” begréissen ze kënnen. Op dat déi véiert Editioun genau esou vill Succès huet wéi déi Jore virdrun.

Äispist
Vum 6. Dezember 2019 bis 5. Januar 2020 am Haff vum Mamer Schlass.
Offiziell Ouverture de 6. Dezember 2019 um 18.30 Auer a Präsenz vum Schäffen- a Gemengerot an dem Syndicat d’Initiative.


Öffnungszäiten

AN DE SCHOULWOCHEN (6.12. bis 20.12):

Méindes ass zou

Dënschdeg an Donneschdeg vu 14 bis 20 Auer

Mëttwoch a Freideg vu 16 bis 20 Auer

Samschdeg a Sonndeg vu 14 bis 20 Auer


AN DER VAKANZ (21.12. bis 5.1.2020):

All Dag (och de Weekend) vu 14 bis 20 Auer


WÄHREND DE FEIERDEEG:

Hellegerowend (24.12.) vu 14 bis 18 Auer

Chrëschtdag (25.12.) vu 14 bis 18 Auer

Stiefesdag (26.12.) vu 14 bis 18 Auer

Silvester (31.12.) vu 14 bis 18 Auer

Neijoersdag (1.1.) vu 14 bis 18 Auer


Schlittschong

Den Accès op d’Schlittschongpist ass gratis.

Op der Plaz gi Schlittschong an de Gréissten 23,5 bis 48 gratis ausgeléint.

Dir kënnt och Är eege Schlittschong mat bréngen.