Change Edition

ADVENTSCONCERT op der Cap

16
Dec
2018
16 Dec

D'Chorale Sainte Cécile vu Cap/Capellen invitéiert Iech härzlech op hiren Adventsconcert e Sonndeg 16. Dezember 2018 um 17 Auer an der Caper Kierch.

De Concert steet enner dem Motto "Ensemble chantons Noël" an eisen Dirigent, Michel RONKAR, wärt och d'Nolauschterer animéiere verschidde Lidder selwer matzesangen. De Chouer get op der Uergel begleet vum Patrick DE ROND an den Entree ass frei.

Nom Concert suergen d'Caper Piwitschen fir Iessen an Drenken um Parvis vun der Kierch.